Et kann ee vum James Blunt hale wat ee wëll, de Sänger weess mat senger Musek d'Leit ze begeeschteren. D'Zuele schwätzen eng däitlech Sprooch; seng 5 Albumen hunn et alleguer an d'Top 10 vun den Charts an Däitschland, Éisträich, Schwäiz an natierlech a Groussbritannien gepackt.

Villäicht gléckt dem James dat am Hierscht souguer eng 6. Kéier. Once Upon A Mind kënnt de 25. Oktober offiziell eraus an déi éischt Single Cold léisst een drop schléissen datt seng EDM-Phas eventuell eriwwer ass. No de Kollaboratioune mat Robin Schulz an Alle Farben, kritt ee bei Cold dat wat ee vum James Blunt eigentlech gewinnt ass; keng Ballade wéi Goodbye My Lover méi éischter e Stéck dat een un 1973-Zäiten erënnert.