Säi gréissten Hit hat d'P!nk geschriwwen. An Tëschenzäit huet den Adam Lambert awer vill méi wéi nëmme Whataya Want From Me ze bidden.

Zum Beispill war hien déi lescht Méint mat Queen, jo déi Queen mat Radio Ga Ga etc, ënnerwee, ënner anerem och zu Amnéville heivir a Frankräich. Elo fir den 28. September ass mat de Sänger mat der legendärer Grupp als Headliner beim Global Citizen Festival zu New York gebucht. Parallel feiert den Adam Lambert de Release vum éischten Deel vu sengem nächsten Album. Kléngt komplizéiert, ass et awer net. Amplaz den Album an enger Kéier erauszebréngen, ass et elo mol un der EP Velvet: Side A an ënner anerem der Single Superpower, enger Funk-Rock-Nummer. Dee leschten Album vum Adam huet iwwregens scho 4 Joer um Bockel. Op alle Fall; déi éischt Single versprécht.