De Mads Langer ass viru Joren duerch eng Coverversioun vum 90er Lidd You're No Alone bekannt ginn. A senger Heemecht Dänemark huet een dëse Summer d'Radio- an d'Singlecharts dominéiert.

10/09/2019 Mads Langer - Eyes Closed

Me Without You aus dem 7. Album deen d'nächst Joer erauskënnt ass deemno zimlech gutt bei den Dänen ukomm. Souwisou erfreet sech de Mads enger immenser Popularitéit doheem, keen aneren dänesche Soloartist huet esouvill Succès wéi hien den Ament an hien ass deen eenzegen Artist deen et bis ewell fäerdegbruecht huet fir de Concertssall Vega zu Kopenhagen 10 mol hannerenee voll ze kréien. Eyes Closed, déi nächst Single, ass e Guide fir sech goen ze loossen a sech dem Moment z'erginn. Ganz nom Motto; d'Welt ass elle genuch, komm mir huelen eis ee Moment a genéissen deen. Op deen Album kann ee sech freeën.