De Ryan Tedder, de Rescht vu One Republic selbstverständlech och, ass fläisseg am Gaangen um Nofolger vun Oh My My ze bastelen. Am Mee war Rescue Me, zimlech wahrscheinlech, déi éischt Single erauskomm.

Dëse Weekend huet d'Grupp aus dem Colorado de Video fir Wanted publizéiert. Minimalistesch awer ënnerhalsam well de Ryan beim Danze gefilmt ginn ass, net sou caméra cachée mä mat enger richteger Choreographie an op den Takt vun der Musek, gesäit net schlecht aus. Op Wanted kommen erëm Sträicher an den Asaz, e bësse sou wéi bei Secrets, respektiv wéi um 2. Album Waking Up dee virun 10 Joer erauskomm ass. Vun engem Release fir Album Nummer 5 ass nach weider näischt ze liesen, eventuell kuerz virum Joreswiessel oder am Fréijoer d'nächst Joer.