Kënnen The Faim méi wéi nëmme Summer Is A Curse? Kann d'Emeli Sandé nach eng Kéier un de Succès vun den 2 éischten Albumen uknäppen? A kann ee bei all de Placke vum Mike Patton nach duerchblécken?

13/09/2019 Nei Musek fir de Weekend

Bei Mike Patton denken déi meescht u Faith No More. Awer och u Mr. Bungle, Fantômas, Peeping Tom, Tomahawk a Lovage; dat sinn alles Gruppen a Projete vum Mike Patton, d'Stëmm vu Faith No More. Dës Kéier ass de Sänger a Songwriter manner kreativ a bréngt ënnert sengem eegenen Numm den Album Corpse Flower eraus. Dat ass u sech säi 4. Soloalbum, ënnert deem Numm, hëlt een all déi aner Gruppen a Projeten dobäi, kënnt een awer op 32. Albumen. Ganz eleng huet de Mike Patton dat neit Wierk awer och net gemaach, de Fransous Jean-Claude Vannier stoung him zur Säit, deen huet scho fir Gréisste wéi Gilbert Bécaud, Jane Birkin, Yves Duteuil, France Gall, Serge Gainsbourg, Pascal Obispo a Véronique Sanson arrangéiert.

The Faim bréngen hiren éischten Album eraus. D'lescht Joer am Summer huet déi australesch Grupp eis mat Summer Is A Curse begleet, d'Lidd ass op enger EP drop. D'Grupp et zënter 2014, 2 Grënnungsmembere sinn awer schonn net méi mat dobäi. Den Debutalbum lauschtert op den Numm State Of Mind, déi aktuell Single heescht Humans. Poppege Rock, liicht verdaulech.

D'Emeli Sandé ass bei der 3. Plack ukomm. Nom Debut Our Version Of Events a Long Live The Angels presentéiert d'Britin, déi sech u Sängerinne wéi Nina Simone, Joni Mitchell a Lauryn Hill inspiréiert, Album Nummer 3 mam Titel Real Life. Stoung den Debut op der 1. a Groussbritannien an den 2. Album op der 2 kéint ee Wetten ofschléissen ob Real Life op déi 3. Plaz kënnt. 11 Lidder laang ass Real Life, dat geet fir ronn 44 Minutte Musek duer, ënner anerem ass d'Lidd Extraordinary Being drop dat och en Deel vum Soundtrack X-Men: Dark Phoenix ass.

Et mierkt een datt de Summer sou gutt ewéi gelaf ass. D'Lëscht vun de neien Albume gëtt nämlech erëm méi laang. Wie sech dëse Weekend an e Plackebuttek verleeft, fënnt dann och déi nei Produktioune vum Charli XCX, Post Malone, Pixies, Korn, The Goo Goo Dolls an The Lumineers. Bei den Dolls handelt et sech schonn ëm den 12. Album, d'Amerikaner hunn deen Miracle Pill gedeeft. A bei The Lumineers dierf ee sech nom Debut a Cleopatra op Three freeën.