De Petit Prince vun der elektronescher Musek aus Frankräich, de Jérôme Louis Robert Fagnet, huet eventuell déi richteg Musek fir déi lescht summerlech Deeg ze genéissen.

Wéinst Problemer mam Réck huet de Jérôme sech d'Kënschtlernumm Broken Back zougeluecht an hat ënnert deem Numm schonn eng Kéier de Wee op Lëtzebuerg fonnt, hie war um Rockafield virun 3 Joer dobäi. Fir seng Musek op den nächste Level ze kréien, huet de Fransous elo mam Alle Farben vu Berlin zesummegeschafft. Mat dëser Kollaboratioun kënnt een op iwwer 8 Millioune Mënschen, de Mount, déi hir Lidder lauschteren, a punkto Streams läit een iwwer 500 Milliounen. Elektronesch Musek aus Frankräich an elektronesch Musek aus Däitschland, One By One.