19 Joer jonk, d'Mamma eng Actrice, de Pappa e Produzent, do ka bal näischt méi schif goen. D'Charlotte Lawrence ass um Sprong de groussen Duerchbroch ze feieren

Wann deen d'Sängerin net schonn hannert sech huet. D'Zuele schwätzen eng däitlech Sprooch; déi éischt 2 Lidder Just The Same a Sleep Talking goufe weltwäit iwwer 300 Millioune mol gestreamt. Do wäerten awer vill Amerikaner ënnert de Streamer si well an Europa ass d'Charlotte, gebuer den 8. Juni 2000 zu Los Angeles, nach éischter en onbeschriwwent Blat, dobäi war awer dëst Joer am Fréijoer eng Tour an eiser Géigend programméiert. D'Gesiicht vum Charlotte Lawrence léisst sech och weisen, an anere Wierder d'Meedchen ass och Model, dat beweisen d'Titelsäite vun Teen Vogue an Harper's Bazaar. Um Soundtrack vun der 2. Staffel 13 Reasons Why ass d'Charlotte Lawrence och vertrueden, als Feature beim Yungblud-Lidd Falling Skies. Why Do You Love Me heescht déi rezentste Kreatioun vun der jonker Sängerin, villäicht ass de Rescht vun der Welt dann och vun der Amerikanerin iwwerzeegt.