Bochum ass top... déi nächst Minutte ginn net wierklech ëm déi däitsch Stad um Floss Ruhr, mä ëm den Herbert Grönemeyer Album.

17/09/2019 Bochum: viru 35 Joer op der 1.

Viru genee 35 Joer geet säi 5. Studioalbum op d'1 vun den däitschen Albumcharts, wou e mat enger Ënnerbriechung am ganze 5 Woche laang ze fannen ass.

Den Opener vum Album BOCHUM ass selwer ni als Single ausgekoppelt ginn an awer Kult. Fir vill Bochumer ass et eng Zort „Hymne vun der Stad“ an zënter 1992 gëtt d'Lidd virun all Heemmatch vum Fussballveräin VfL gesongen. Aus BOCHUM, dee mat 3 Millioune verkaafte Copien, bis 2002 wou den Herbert Grönemeyer säin Disk „MENSCH“ erausbréngt, säi meeschtverkaaften Album bleift, koppelt de Museker just 3 vun den 10 Lidder aus.

Déi éischt ass an engems och déi erfollegräichste Single. MÄNNER klëmmt an den däitsche Singlecharts op d'Plaz 7. Déi zweet Auskopplung ALKOHOL ëmmerhin nach op déi 33. Positioun.

Déi drëtt a lescht Singleauskopplung FLUGZEUGE IM BAUCH packt et an der Versioun vum Herbert Grönemeyer just op d'44 an Däitschland, gëtt awer 14 Joer méi spéit am September 1998 eng Nummer 1. déi aner Säit vun der Musel an der Versioun vum Oli P.

Den Album 4630 BOCHUM, deen haut viru genee 35 Joer op d'1. an Däitschland geet, bleift am ganzen 140 Wochen an der Hitparad.