Hannert dem Kënschtlernumm Napoleon Gold verstoppt sech den Antoine Honorez, e Fransous deen hei zu Lëtzebuerg opgewuess ass, dowéinst kann een, muss een awer net, direkt oder indirekt vu Musek vun heiheem schwätzen.

De Lien mam Grand-Duché ass also do, dee mam Ausland awer och, net nëmmen dee mat senger Heemecht, mä zum Beispill och mat de n USA. Zu New York fënnt een nämlech déi 2 Labelen 13 Audio an Cinematic Music Group bei deene den Napoleon Gold e Kontrakt huet. Seng Musek verleeft sech iergendwou am elektronesche Pop, beaflosst vu Filmmusek, iwwer Trip-Hop bis bei RnB. Fir seng nei Single Love Don't Cut Me Down huet den Antoine op d'Talent vun der amerikanescher Indie-Rock-Band Haiva Ru zeréckgegraff, respektiv op d'Sängerin Allie Merrill. D'Resultat kënnt dann och op den neien Album Sunset Motel drop, dee fir den 20. September z'erwaarden ass.