Sing meinen Song, The Voice Of Germany an och nach selwer Musek maachen; dem Mark Forster gëtt et mat Sécherheet net langweileg. Säin aktuellen Album Liebe soll mat enger neier Single dann och net sou séier a Vergiessenheet geroden.

An alt erëm gëtt et eng kleng Geschicht ronderëm d'Lidd. No Einmal an 747, heescht et dann elo 194 Länder. Jo genee sou vill Länner ginn et op der Welt. Ma heiansdo gëtt et nëmmen ENG Persoun déi engem d'Welt bedeit. En typescht Mark Forster-Lidd iwwer d'Léift. Eng flott Uptempo-Nummer déi sou richteg gutt an de spéide Summer passt. Well d'Leit op de Concerte vum däitsche Sänger positiv op d'Lidd reagéiert hunn, huet hie fir d'Single-Versioun d'Stéck nei arrangéiert an agesongen. Wann ee gutt lauschtert, héiert ee souguer d'Leit déi bei de Concerte matgesongen hunn.