Hir lescht 5 Albumen hu sech iwwer 10 Millioune mol verkaf. Hir Musek gëtt bal 6 Milliarde mol gestreamt. A fir hir Concerte goufe bal zwou Milliounen Tickete verkaf. Do dierf ee vu Succès schwätzen. Den Ament schaffen The Script un hirem 6. Album.

20/09/2019 The Script - The Last Time

An dee soll nach dëst Joer eraus kommen. Den Trio aus Irland besënnt sech op hirem neie Wierk op dat wat se grouss gemaach huet; Lidder wéi We Cry, The Man Who Can't Be Moved a Breakeven. Dat demonstréiert déi éischt Single The Last Time déi haut offiziell erauskënnt. Dem Danny, Mark a Glen sti fir den neien Album de Mark "Spike" Stent an de Manny Marroquin zur Säit, déi Hären hu scho fir Coldplay, Dua Lipa an de Post Malone geschafft. Eppes wat The Script och nach gutt kënnen; eppes Besonnesches aus hire Concerte maachen. Zum Beispill huet d'Grupp wärend der Tour fir den Album Freedom Child 9.000 Pätt fir St. Patrick's Day zum Beschte ginn. Hiert Talent hunn The Script och schonn e puer mol zu Lëtzebuerg ënner Beweis gestallt.