Deichkind ouni de Ferris MC; geet dat? Den Adam Lambert bréngt nëmmen eng EP. An d'Wallis Bird mam 6. Album.

28/09/2019 Nei Musek fir de Weekend

Fir eng EP, en Extended Play, e Mini-Album, huet sech den Adam Lambert decidéiert. Villäicht geet de Plang op. Den Adam bréngt nämlech säin neien Album an zwou Kéieren eraus, dëse Weekend also den éischten Deel Velvet: Side A. No 4 Joer Abstinenz kann een duerchaus denken "firwat net méi?". Also Excusen huet den Adam genuch; déi Bescht ass wahrscheinlech seng Roll als Queen-Sänger déi vill Zäit an Asproch hëlt, en plus sinn elo schonn déi nächste Concerte mat der legendärer Band ugekënnegt ginn, zum Beispill de 26. Juni 2020 zu Köln.

Dann eng Stëmm déi nach relativ nei am Business ass an awer schonn zu Lëtzebuerg am Kader vun der Fête de la musique zu Diddeleng opgetrueden ass. D'Joffer ass aus Irland, mécht typesch Singer/Songwriter-Musek a verleeft sech gären am Folk an am Rockabilly, langweileg gëtt et bei der 29 Joer aler Musekerin beileiwen net. Fläisseg ass d'Wallis Bird och, zënter 2007 sinn net manner wéi 5 Albumen erauskomm, dee 6. dann elo dëse Weekend a lauschtert op den Numm Woman. Nach eng kuerz Anekdot; 2008 hat d'Wallis Bird eng Coverversioun vum Depeche Mode-Hit Just Can't Get Enough fir d'Zeitung The Sun opgeholl, d'Versioun ass esou gutt ukomm datt d'Lidd als Single erauskomm ass.

Deichkind sinn erëm do an déi grouss Fro am Virfeld war "geet dat och ouni de Ferris MC?". Jo geet. Fir verschidde Leit ass haut Chrëschtdag, Ouschteren, Gebuertsdag, Namensdag, Hochzäit a Scheedung op engem eenzegen Dag. Wer sagt denn das? heescht den Nofolger vun Niveau weshalb warum aus dem Joer 2015, mat deem Album waren Deichkind deemools och um Rockafield, d'nächst Joer am Februar ass den Trio ënner anerem zu Tréier. Wer sagt denn das? e Mix aus German Hip Hop, Elektro, Pop, Witzer, sozialkriteschen Texter, extravaganten Téin, begleet alt erëm vu bombastesche Videoen a Kostümer. Nieft Deichkind selwer héiert een op der 7. Plack och Das Bo, den Till Lindemann an de Jan Böhmermann. A wat Deichkind vun der AFD halen, gesitt dir am Video vun Dinge.

Wat kann ee soss nach ernimmen dëse Weekend?

Den Hoff, den David Hasselhoff, huet och eng nei Plack, déi lauschtert op den Numm Open Your Eyes an do drop ze fanne sinn eng helle Wull Reprisë vu Lidder wéi Sugar, Sugar, If You Could Read My Mind a Mit 66 Jahren, ça promet. De Sido, an Tëschenzäit ouni Mask, huet och neit Material, Ich & Keine Maske. Dat kënnt hie jo de 26. November Live an d'Rockhal presentéieren. Dann nach Anniversary-Editioune vun ënner anerem 2 A-Ha-Albumen an eng vum Beatles Abbey Road-Album deen dës Woch viru 50 Joer erauskomm ass.