Ufanks dës Mounts hate sech Revolverheld mol erëm eng Kéier op Lëtzebuerg verlaf. An der Luxexpo The Box hunn d'Jungs vun Hamburg déi aktuell Plack Zimmer mit Blick virgestallt an enger anerer däitscher Band d'Méiglechkeet gi sech de Lëtzebuerger ze weisen.

An déi nennt sech Bruckner, 2 Bridder, de Jakob an de Matti Bruckner. A punkto Musek schwammen déi 2 op der Giesinger-Weiss-Forster-Well mat, also liichtverdaulechen däitsche Pop-Rock-Singer-Songwriter. Bruckner kéint awer grad sou gutt en Trio, e Quartett oder e Quintett sinn, de Jakob ab de Matti hunn nämlech nach 3 aner Gesëschter, d'Musek krute se ënner anerem vum Papp an d'Wéi geluecht, deen hat Piano zu Salzburg um Mozarteum geléiert. In Drei Jahren ass déi nei Single vu Bruckner an huet e kloren an einfache Message; einfach mol zefridde si mat deem wat een huet. Net méi net manner. Firwat ëmmer pessimistesch an d'Zukunft kucken? Firwat d'Fro net zouloossen; wat ass wann et klappt?. D'Lidd liwwert Äntwerten, aus der Siicht vu Bruckner, villäicht eng Inspiratiounsquell?