D'Grupp Echosmith hat 2013 den Duerchbroch mam Titel Cool Kids aus dem Debutalbum Talking Dreams dee bis elo nach keen Nofolger huet. Dat kéint sech ënner Ëmstänn awer geschwënn änneren.

Echosmith sinn zu 3, d'Sydney, den Noah an de Graham Sierota, deemno Gesëschter, e weidere Brudder, den Jamie Sierota, huet d'Grupp 2016 verlooss. D'Indie-Pop-Grupp gëtt et elo schonn 10 Joer an et gesäit ganz duerno aus wéi wann Se elo prett wären an den nächste Gang ze schalten. Hir nei Single Lonely Generation kënnt nämlech op hirem eegene Label Echosmith Music eraus a soll den Ufank vun engem neie musikalesche Kapitel sinn. D'Lidd handelt vun der Schwieregkeet sech am digitalen Zäitalter am realen Liewe kennenzeléieren a richteg Bezéiungen ze féieren. Well wa mir eise Smartphone an der Hand hunn, fille mir eis verbonnen a sécher, ausserhalb vun dëser Welt kann ee sech zimlech séier eleng fillen.