Et war ee vun de Summerhits 2018; d'Geschicht vum Cordula Grün. An abee mol war de Johannes Sumpich am däitschsproochegem Deel vun Europa bekannt.

Dat war schonn aussergewéinlech fir den Éisträicher, den Josh, vu Wien. Platin an der Heemecht, Gold an Däitschland fir Cordula Grün wat dann och nach den offiziellen Wiesnhit d'lescht Joer an de Faschingshit dëst Joer war. Nom Cordula hat de Museker d'Single Vielleicht erausbruecht, leeft gutt a senger Heemecht, manner am Ausland. Elo am Oktober spillt den Josh mat Cat Balou an der Lanxess Arena zu Köln an huet weider 9 Concerten, als Headliner bei eisen däitschen Nopere geplangt. Dann ass et wuel keen Zoufall dat d'lescht Woch mat Reden eng nei Single vum Josh publizéiert ginn ass. Dat kucke mir mol wéi sech dat entwéckelt.