Beim Numm Sido denkt een an éischter Linn un eng Mask, däitschen Hip Hop a méi oder manner schlëmm verbal Aussetzer. De Paul Hartmut Würdig, aktuell och am Jury vun The Voice Of Germany, huet an Tëschenzäit awer keng Mask méi un an doktert u Kollaboratiounen déi ee viru Joren net fir méiglech gehalen hätt.

De Sido rappt nach ëmmer, dat ass kloer, ma d'Hardcore-Fans aus der Mein Block-Zäit kënne wahrscheinlech net méi vill mam Sido ufänken. An anere Wierder, hien e bësse méi brav ginn a weist sech och vu senger nodenklecher Säit. E gutt Beispill dofir ass d'Zesummenaarbecht mam Hamburger Singer-Songwriter Johannes Oerding. Am Video fir Pyramiden gesäit ee fir d'éischt 10 Persoune mat grondverschiddenen Usiichte ronderëm Theme wéi Feminismus, Drogen oder Déiereschutz. De Johannes ass net deen eenzege Feature um neie Sido-Album Ich & Keine Maske, do héiert een nach de Sänger vu Feine Sahne Fischfilet, de Casper an de Kool Savas. Aus reng kommerzieller Siicht dierft Pyramiden e Succès ginn. D'Lidd wäert mat Sécherheet de 26. November um Sido-Concert an der Rockhal gespillt ginn