Net nëmmen a senger Heemecht Groussbritannien, hien ass aus Schottland fir genee ze sinn, kennt den Tom Walker grousse Succès, seng Musek huet hien an Zäit vun 13 Méint direkt 2 mol op Lëtzebuerg gefouert.

Ma och an Däitschland dierf sech de Sänger iwwer eng zimlech grouss Beléiftheet freeën, an esou start de 16. Oktober eng Mini-Tour mat 3 Optrëtter bei eisen Noperen, zu Stuttgart, zu München an zu Hamburg. Zoufall oder net; den Tom bréngt den 8. November eng Deluxe-Versioun vu sengem, mat Gold-dotéiertem, Album What A Time To Be Alive eraus. Do drop; e Koup Raritéiten, onverëffentlecht Versioune vu senge Hits an am ganze 4 nei Lidder, dorënner och Better Half Of Me dat elo de Weekend iwwer virgestallt ginn ass. No der kuerzer Tour duerch Däitschland, ass dann och nach eng gréisser Tournée duerch Groussbritannien geplangt.