Mando Diao hunn nach ëmmer ee Sänger manner. Den Tim Bendzko ka méi séier an den James Arthur huet gutt 2 Joer um 3. Album gebastelt.

19/10/2019 Nei Musek fir de Weekend

Wien ass dann net méi bei Mando Diao dobäi? De Gustaf, deen hat den 3. Juni 2015 d'Handduch bei der schwedescher Band gehäit. Ënnerschiddlech Visioune wier de Grond gewiescht, sou Sony Music an engem Communiqué. No Good Times vu virun 2 Joer ass dann elo den 2. Album ouni de Gustaf do, duerfir awer nach ëmmer mam Björn Dixgard. Op Bang beweise Mando Diao datt se hir elektronesch Spillereien vu viru 4 Joer opginn hunn an d'Gittar erëm am Fokus ass.

Den Tim Bendzko gëtt e bësse méi Gas. Kuerz d'Welt retten a keng Maschinn sinn am direkte Verglach e gudde Krack méi lues. Déi éischt Single Hoch aus Filter, dat ass scho säi 4. Album, passt den Ament gutt an d'Bild vum Deutsch-Rock dee richteg gutt vertruede gëtt. Déi 2 Lidder duerno Nur Wegen Dir a Jetzt Bin Ich Ja Hier erënneren een dann awer un dem Tim Bendzko seng Ufäng. Alles an allem kann ee festhalen datt sech d'Musek, virun allem de Klang, weiderentwéckelt huet.

Den James Arthur ass bei sengem 3. Album ukomm. Huet sech fir deen awer zimlech vill Zäit gelooss. Den James ass e Produit vun enger Castingshow; hien huet 2012 déi 9. Staffel vun The X Factor a Groussbritannien gewonnen an zielt zu de wéinegen Artisten déi no dëser Show iwwerhaapt Succès hunn, Leona Lewis ass en anert Beispill. Fir You huet den James keng Hektik gemaach well schonn 2017 am November ass mat Naked déi éischt Single vu You erauskomm. Dës Woch ass schonn déi 6. Single ausgekoppelt ginn, den Titelsong mam Travis Barker (Blink 182) op der Batterie.

Wat soss nach? D'Alice Merton bréngt den Debutalbum Mint dëse Weekend nach eng Kéier eraus, deen heescht elo Mint + 4, mat 4 neie Lidder deemno. D'Museker vu Creed, déi heeschen Alter Bridge, presentéieren hir nei Plack Walk The Sky. An Jimmy Eat World melle sech zeréck mat Surviving.