Hei muss ee sech schonn zimlech drugi fir net mat dreemen unzefänken, Dream Pop ass nämlech capabel sou eppes auszeléisen. An däers Dream Pop maache Lola Marsh elo scho 6 Joer laang.

Eventuell erënnert sech nach deen een oder aneren u Wishing Girl, dat Lidd hat et virun 2 Joer vun den däitschen Airplay-Charts gepackt. Lola Marsh ass e Projet aus Israel, gegrënnt vum Yael Shoshana Cohen an dem Gil Landau, deen iergendwann am Februar 2011 op der Gebuertsdagsparty vum Gil entstanen ass. No der éischter Single Sirens an diversen Optrëtter bei grousse Festivaller ass d'Press an och d'Industrie op Lola Marsh opmierksam ginn, e Plackekontrakt mat Universal Music France a Sony ATV war d'Resultat. D'Lidd Wishing Girl vum Debutalbum Remember Roses war och d'Lidd vun enger däitscher E-Bay-Reklamm, fir eng Crédit Agricole-Reklamm hat d'Grupp Mrs. Robinson gecovert an hir Versioun vu Something Stupid war an der 4. Staffel Better Call Saul ze héieren. Mat Only For A Moment gesäit et dann elo verdächteg no engem 2. Album, mol ofwaarden.