Wat huet sech den James Blunt fir säi 6. Album afale gelooss? Kann de Michael Schulte méi wéi Däitschland beim ESC vertrieden? An ass den Neil Young nach ëmmer am Gaangen?

25/10/2019 Nei Musek fir de Weekend

No sengen elektroneschen Eskapade mam Robin Schulz, Lost Frequencies an Alle Farben fënnt den James Blunt erëm zeréck bei seng Originnen. Den Nofolger vun The Afterlove, iwwregens deen éischten Album vum James Blunt deen néierens op d'1. gaangen ass, huet e ganz emotionale Message; op Once Upon A Mind ass och d'Single Monsters ze fannen, e Lidd iwwert dem James Blunt säi Papp dee schwéier krank ass. De Mann brauch eng nei Nier, fir déi den James Blunt an der Good Morning Britain-Show en Opruff gemaach huet. De 6. Album kënnt den James och Live op Lëtzebuerg presentéieren, Rendezvous de 5. Mäerz d'nächst Joer an der Rockhal.

Aus deem selwechte Lager dierf een dëse Weekend dann och op de 4. Album vum Michael Schulte opmierksam maachen. Den däitsche Sänger hat d'lescht Joer mat You Let Me Walk Alone seng Heemecht mat enger gudder 4. Plaz beim Eurovision Song Contest zu Lissabon vertrueden, dat war dat bescht Resultat fir eis Noperen zënter 8 Joer. Och hien ass e Produit vun enger Castingshow, 2012 war de Michael den 3. bei The Voice Of Germany. Déi nei Plack vum däitsche Singer/Songwriter gouf Highs And Lows gedeeft.

Mat geschwë 74 Joer ass den Neil Young sech nach ëmmer net ze schued fir an de Studio ze goen. Colorado gëtt den 39. Album vum Museker dee schonn 1969 um legendäre Woodstock op der Bühn stoung, dat waren d'Ufäng vu Crosby, Stills, Nash & Young. Déi nei Plack ass eng weider Zesummenaarbecht vum Neil Young mat Crazy Horse, deenen hire leschten Album ass 2012 erauskomm.

Fir d'Frënn vun den Toten Hosen ass dëse Weekend och intressant; mat Alles Ohne Strom bréngt de Campino mat senge Leit deen 2. Unplugged-Album an hirer Karriär eraus, déi Kéier mat neien Instrumenter an neien Interpretatiounen.

An d'Stereophonics, Rock aus Wales deen och dacks zu Lëtzebuerg ass (fir d'nächste Kéier den 11. Februar 2020 an der Rockhal), presentéiere mat Kind hiren 11. Album.