Den Ian, de Craig an de Claudio hu sech iergendwann eng Kéier zu Hamburg kennegeléiert a maachen elo Musek zesummen. Vun enger däitscher Grupp kann ee bei Mighty Oaks awer net schwätzen.

Den Ian Hooper ass vu Washington, de Claudio Donzelli ass gebiertegen Italiener an den Craig Saunders kënnt aus Groussbritannien. Hir Heemecht, wann een dat sou soe kann, ass dann elo Berlin, do huet sech aus den 3 Museker d'Grupp Mighty Oaks erauskristalliséiert. Fir d'nächst Joer, Fréijoer gëtt ugepeilt, wëllt d'Grupp en neien Album erausbréngen, do drop ass da mol sécher All Things Go, eng zimlech perséinlech Geschicht vum Sänger Ian Hooper. Et geet ëm d'Libesgeschicht vu sengen Elteren, wéi säi Papp um Wee op eng Party, am Lift fir genee ze sinn, senger Mamm fir d'éischte Kéier begéint. Déi 2 Kanner vun der jonker Koppel an de vill ze fréie Kriibsdoud vun der Mamm sinn och Bestanddeel vun dëser Geschicht. Loosst iech se erzielen. Elo am November ass d'Grupp am Kader vun der Lumineers-Europa-Tour Live ze gesinn. Intressant aus Lëtzebuerger Siicht sinn dës Datumer:

16.11.2019 Bréissel - Ancienne Belgique
19.11.2019 Köln - Palladium

Op hirer eegener Headline-Tour d'nächst Joer maache Mighty Oaks och Statioun am Grand-Duché. Rendezvous den 21. Februar an de Rotondes.