D'Stefanie Heinzmann war gëschter Owend fir e weidere Concert hei zu Lëtzebuerg op Besuch. Déi sympathesch Sängerin aus der Schwäiz laacht extrem gären, kann ni béis ginn an ass e bëssen an eis Sprooch verknallt. Dat war ënner anerem am Interview gëschter am Atelier gewuer ze ginn.

04/11/2019 Stefanie Heinzmann Interview

Gutt drop ass ënnerdriwwen, d'Stefanie ass froue Mënsch, där Leit wënscht ee sech méi. Wéi scho beim Concert virun e puer Joer zu Wolz hat sech d'Stefanie Heinzmann och gëschter e puer Minutte fir eis geholl, Biller vum Interview ginn et den Owend op der Tëlee. Natierlech ass och iwwer Lëtzebuerg gepotert ginn.

04/11/2019 Stefanie iwwer Lëtzebuerg

Awer net nëmmen d'Land mä och eis Sprooch huet et dem Stefanie Heinzmann ugedoen.

04/11/2019 Stefanie iwwer Lëtzebuergesch

Virun iwwer 10 Joer huet der Sängerin hir Geschicht am Pop-Business ugefaangen. Grond genuch fir ze froe wéi d'Stefanie säin deemolegt Ech bewäert.

04/11/2019 Stefanie iwwer deemools

Dem Stefan Raab säi Schützling, bei deem gouf d'Stefanie entdeckt, kennt ee praktesch nëmme gutt gelaunt. Wëllt awer net heeschen datt et och méi schwéier Zäite ginn.

04/11/2019 Stefanie iwwer schwéier Zäiten

De ganzen Interview mam Stefanie Heinzmann ass och gefilmt ginn, d'Biller gesitt dir den Owend no 7 op RTL Tëlee Lëtzebuerg.