D'Danielle, d'Alana an d'Este sinn 3 Schwësteren vu Los Angeles déi zënter 2007 zesumme Musek maachen. Hiren Numm ass hire Familljennumm Haim (Hei-ëm ausgeschwat).

Ma scho virun der Karriär als Trio hunn d'Schwësteren zesumme mat den Elteren am Projet Rockinhaim Musek gemaach, de Papp op der Batterie, d'Mamm huet gesongen. Bis haut hunn Haim 2 Albumen erausbruecht, dee Leschten, Something To Tell You, huet eréischt 2 Joer an trotzdeem sinn d'Schwësteren fläisseg am Gaangen nei Musek ze maachen, 2020 soll en neien Album erauskommen. No Summer Girl kënnt mat Now I'm In It déi 2. Single vun Haim fir dëst Joer eraus. Eng ganz emotional Single; et geet ëm Depressiounen, ëm déi Zort Depressioun bei där een net méi virun d'Dier geet, sou steet et an hirem Instagram-Post.

Wien 2014 um Rockafield dobäi war, hat d'Geleeënheet déi 3 Schwëstere schonn eng Kéier Live hei zu Lëtzebuerg ze gesinn.