Schwéier dës Woch eppes op der Säit ze loossen; d'Jukebox wäert sech freeën. Nei Téin vum Andrea Bocelli mat Hëllef vu ganz ville Kënschtler. The Script waren och fläisseg an de Zucchero ass och nach topfit. Wann ee wéilt, kéint een haut ganz laang iwwer nei Musek schwätzen. Trotzdeem ass e Choix gemaach ginn, mir fänke mol an Italien un.

09/11/2019 Nei Musek fir de Weekend

De Mann deen zënter dem 28. Dezember 2008 en eegenen Asteroid huet, den Andrea Bocelli presentéiert mat Sì Forever u sech säi 17. Album. U sech, well Sì, ouni Forever, ass schonn d'lescht Joer erauskomm. Op der Diamond Edition ginn et dann awer och e puer nei Stécker wéi zum Beispill mam Jennifer Garner oder mam Ellie Goulding.

Natierlech sinn awer och d'Duetter mat sengem Bouf, mam Ed Sheeran a mam Dua Lipa drop. Eppes fir jiddereen dee frou mat Klassik ass an näischt géint Pop huet.

Bei The Script geet et an déi 6. Ronn. Dat neit Wierk heescht Sunsets & Full Moons an ass eigentlech d'Suite vun hirem Debutalbum, wëllt heeschen et geet zeréck bei d'Originne vun der irescher Band a Lidder wéi We Cry a Breakeven, dat arrangéiert net nëmmen d'Fans vun der éischter Stonn.

D'nächst Joer am Mäerz kommen The Script an d'Géigend vum Grand-Duché, hir Concerte sinn nämlech zimlech anstänneg, de 16. Mäerz zu Köln am Palladium an den 19. zu Bréissel an der Forest National.

An dann nach eng Kéier Italien. De Zucchero huet sech nämlech scho fir d'nächst Joer hei zu Lëtzebuerg ugemellt, dat dauert awer nach knapp e Joer, de 6. November ass de Concert an der Rockhal.

Déi nei Plack heescht D.O.C., keng Angscht hien ass net ënnert d'Rapper gaangen, d'Ofkierzung steet fir Denominazione di origine controllata, also Appellation d'Origine Contrôlée. Et ass an dann ze hoffen datt seng Musek wéi e gudde Wäin ass. 11 nei Stécker sinn um Album drop, plus 3 Bonus-Lidder.

Dat sinn d'Favoritte vun der Woch; allerdéngs huet de Marché dës Kéier nach vill méi ze bidden. Duerchaus intressant dierft zum Beispill de Comeback vu Simply Red sinn.

Den neien Album heescht Blue Eyed Soul. De Westernhagen huet och eng nei Plack op där hie sech vu Woodstock inspiréiere gelooss huet.

Das Pfefferminz-Experiment (Woodstck Recordings Vol. 1) gëtt nächst Joer och Live virgestallt, op ganz spezielle Plazen, zum Beispill an der Oper zu Leipzig oder zu Köln an der Philharmonie. Zerwéiert ginn d'Lidder vum Kultalbum Mit Pfefferminz bin ich dein Prinz am neie Kostüm. Net méi oder manner intressant sinn déi nei Placke vum Johannes Oerding - Konturen; Bishop Briggs - Champion; Max Herre - Athen an Nick Cave - Ghosteen.

An datt dir iech och e Bild vum Toun maache kënnt; d'Videoe vun der neier Musek gëtt et op radio.rtl.lu