AJR steet fir Adam, Jack a Ryan. Déi 3 Bridder heesche mam Familljennumm Met a well Met Brothers oder Mets net sexy genuch kléngt, hunn déi 3 sech wahrscheinlech fir hir Initialen decidéiert. Lidder wéi Weak, Sober Up an 100 Bad Days ginn op hire Kont.

A mat hirem leschten Album Neotheater, den 11. Mee dëst Joer erauskomm, ass den Trio vun New York zu engem Top 10-Act avancéiert, den 3. Album huet et nämlech op déi 9. Plaz vun den amerikaneschen Albumcharts gepackt. D'Lidd Nummer 11 vun där Plack ass zënter dem 5. Abrëll dëst Joer déi 3. offiziell Single, déi dann elo och um europäesche Marché aschloe soll. Dear Winter, sou heescht d'Lidd, passt vum Titel hier wuel besser an dës Zäit an dat obwuel et guer net ëm de Wanter geet. Mat Winter ass net de Wanter mä e Kand mam Numm Winter gemengt. D'Lidd ass aus der Angscht eraus entstanen eng Kéier Papp vun engem Kand ze ginn dat de Ryan, hien huet d'Lidd geschriwwen, Winter géing nennen.