Fraestëmme sou wäit ee kucke kann. D'Celine Dion huet sech 6 Joer Zäit gelooss fir e weideren Album op Englesch. Fir d'Italienescht ass d'Gianna Nannini zoustänneg a Silbermond sinn an Tëschenzäit beim Album Nummer 6 ukomm.

16/11/2019 Nei Musek fir de Weekend

16 Joer laang Las Vegas; dat Kapitel ass mol virleefeg dëst Joer am Juni zougemaach ginn. Den 8. Juni stoung de kanadesche Superstar fir d'lescht op der Bühn vum Colosseum am Caesars Palace zu Las Vegas. Vun 2011 bis dëst Joer huet d'Celine Dion net manner wéi 427 Optrëtter gehat, ma och scho vun 2003 bis 2007 war d'Sängerin do aktiv. An all där Zäit ass awer weider u Musek geschafft ginn, dee leschten Album op Franséisch Encore Un Soir ass vun 2016, dee Leschten op Englesch, Loved Me Back To Life, awer ewell 6 Joer al. Courage heescht dat neit Wierk.

D'Celine léisst de Gros vun hire Lidder schreiwen, dat ass op Courage och net aneschters, an der Lëscht vun de Leit déi matgeschafft hu, liest een Nimm wéi David Guetta a Sia. Vu wonnerbare Balladë bis dynamesch Uptempo-Nummeren ass op Courage alles dobäi.

An nach eng Dame vu Weltformat. 65 Joer jonk ass déi italienesch Rocksängerin vu Siena de 14. Juni dëst Joer ginn. Zënter dem Debutalbum 1976 huet d'Gianna Nannini iwwer 20 Albumen erausbruecht, dee ganz neien ass La Differenza gedeeft ginn. Ënnert den 10 neie Lidder ass eng Coverversioun vum Nena-Hit Liebe ist dat 2005 fir en Nummer 1. Hit an Däitschland duergaangen ass.

Fir d'nächst Joer ass dann och eng grouss Tour geplangt mat Statioun zu Lëtzebuerg, Rendezvous den 21. Mee an der Rockhal.

An dann nach deen éischten Album no der Babypaus vu Silbermond. D'Steffi an den Thomas, dat ass de Gittarist, si jo scho méi laang eng Koppel, am Abrëll d'lescht Joer ass dat éischt Kand op d'Welt komm. Dowéinst sinn dann och tëscht Leichtes Gepäck a Schritte, sou heescht hiren neien, 6., Album, gutt 4 Joer vergaangen.

Wou Silbermond drop steet, ass Silbermond dran; vu perséinleche bis gesellschaftlech Theme gëtt sech selbstbewosst a souverän geäussert, deels och positionéiert. Ouni awer mat der Dier an d'Haus ze falen oder pompös ze wierken. Beréieren ouni ze priedegen. Dofir muss een awer schonn d'Texter lauschteren.

Nach zwou nei Placken déi dëse Weekend erauskommen; den 8. Album vum Country-Pop-Trio Lady Antebellum.

Wäert schwéier ginn un de Succès vun Album Nummer 2 an 3, do waren d'Lidder Need You Now an Just A Kiss drop, erunzekommen. An dann nach d'Folktronica-Band vu Kassel déi sou herrlech gelangweilt kléngt.

Mind The Moon heescht den 3. Album vun de 4 Jungs aus Däitschland.