Haut schécke mir Blummen a Knippercher op South Fallsburg an den US-Bundesstaat New York. Vun do ass de Gavin DeGraw, dee kritt haut 43 Joer.

Mat 8 Joer geet et mam Piano lass, duerno ass hie mat sengem eelere Brudder Joey a verschiddene Coverbands ënnerwee. Enn den 90er loossen déi 2 Bridder sech zu New York néier a mécht mat deem 2007 d'Bar The National Underground op. Do virdru gléckt dem Gavin awer och de musikaleschen Duerchbroch mam Album Chariot deen awer eréischt e Succès kennt nodeems d'Single I Don't Want To Be als Titelsong fir d'Televisiounsserie One Tree Hill erausgesicht ginn ass. No dem Debut aus dem Joer 2003 sinn nach 5 weider Albumen erauskomm, dee leschten ass 4 Joer al an heescht Something Worth Saving. Aktuell gëtt gemunkelt de Gavin wier an der 3. Staffel Masked Singer dobäi.