Mat Pyromania hunn Def Leppard e Konschtstéck fäerdegbruecht dat schonn zimmlech aussergewéinlech ass.

Den 3. Studioalbum mat Lidder wéi Photograph, Rock of Ages, Foolin' an Too Late, dat waren op alle Fall mol d'Auskopplungen, klëmmt haut viru 37 Joer an déi amerikanesch Charts eran a bleift wärend 92 Wochen am Klassement. Dat si bal 2 Joer. Trotz dësem Succès huet et Pyromania ni op d'Plaz 1. vun de Billboardcharts gepackt, op Plaz Nummer 2 war Schluss. Eleng an den USA ass d'Plack vun de brittesche Rocker iwwer 6 Millioune mol verkaf ginn. Iwwregens hunn Def Leppard am Mäerz d'lescht Joer wéi se an d'Rock & Roll Hall Of Fame opgeholl goufen och Stécker vu Pyromania zum Beschte ginn, dorënner natierlech och Photograph.