Eng Legend hätt haut 75 Joer gefeiert. Den jamaikanesch Sänger, Lidderschreiwer a Gittarist ass de 6. Februar 1945 zu Nine Miles op Jamaika op d'Welt komm.  Ya mann.

Mat senge Wailers huet hien an de 70er Joer de Reggae an d'Welt gedroen. Onvergiesslech si Stécker wéi Buffalo Soldier, I Shot The Sheriff, Could You Beloved? an natierlech No Woman No Cry. E Lidd dat a senger Originalversioun, also déi vum Bob Marley, bis op déi 8. Plaz vun de brittesche Singlecharts geklomme war. D'Coverversioun vun The Fugees hat 1996 souguer op déi 2. Plaz a Groussbritannien gepackt. Där Coverversioune ginn et e puer méi; Sublime, Jimmy Cliff, Boney M., NOFX, Sean Kingston an ënner anerem och Londonbeat hate probéiert Succès mat No Woman No Cry ze hunn. Richteg bekannt gouf No Woman No Cry duerch 1975er Live Versioun déi ronn 7 Minutten dauert an och liicht aneschters wéi d'Albumversioun kléngt.