Jo et gëtt se nach; d'Alternative-Musek aus den 90er, déi och bal 30er Joer duerno nach näischt un hirer Attraktivitéit verluer huet. Eng vun de Gruppen déi dëse Genre Musek wärend den 90er gepräägt huet, ass Nada Surf vun New York.

Mat ee vun de bekanntste Lidder aus hirem Repertoire ass Popular aus hirem Debutalbum High/Low aus dem Joer 1996. D'Musek vun Nada Surf taucht reegelméisseg an Televisiouns-Serien op, sou zum Beispill Always Love bei One Tree Hill. An hirer bal 30 Joer laanger Karriär kommen d'Amerikaner op ganzer 9 Albumen, dee Rezentsten ass net méi spéit wéi haut erauskomm. Déi nei Plack ass Never Not Together gedeeft ginn an huet mat So Much Love erëm sou en typescht Nada Surf-Lidd parat. Ass gutt fir d'Séil, fir d'Häerz a fir jiddereen deen nach eppes mat Alternative unzefänke weess.