Indie-Rock vu Manchester fir d'Woch unzefänken. The 1975 ass keen onbeschriwwent Blat hei zu Lëtzebuerg, well se hiert Talent scho méi wéi eng Kéier Live bei eis ënner Beweis gestallt hunn.

Déi 4 Häre vun The 1975, de Matthew, George, Adam a Ross, maachen elo schonn 18 Joer laang Musek zesummen an hunn am Abrëll, de 24. fir genee ze sinn, wëlles hire 4. Album Notes On A Conditional Form ënnert d'Leit ze bréngen. Fir schonn e bësse Loscht op dat neit Material ze maachen, hunn The 1975 d'lescht Joer schonn 2 Lidder erausbruecht a mat Me & You Together Song gëtt et zënter Mëtt Januar dann och elo schonn en 3. Extrait aus der neier Plack. Am Oktober sinn The 1975 an Europa ënnerwee, Antwerpen, Paräis, Düsseldorf a Frankfurt sinn déi intressantst Datume fir d'Fans hei zu Lëtzebuerg, mä wie weess, villäicht kënnt jo nach en Datum am Grand-Duché dobäi.