Annenmaykantereit. Kéint eng Figur aus enger Indianergeschicht sinn oder d'Familljennimm vun den 3 Annenmaykantereit-Memberen, de Christopher Annen, den Henning May a Severin Kantereit. D'Jungs si vu Köln, goufen 2011 gegrënnt an hu bis ewell 3 Albumen erausbruecht.

Dat lescht neit Material ass d'lescht Joer am September erauskomm, dat war d'Lidd Ozean. Gläichzäiteg huet d'Grupp matgedeelt se wéilt eng 5 Méintlaang Paus aleeën. Da rechne mir mol séier no; September, Oktober, November, Dezember, Januar, Februar. Jo geet op. D'lescht Woch ass Ausgehen online gaangen. Wien nach ni eppes vun Annenmaykantereit héieren huet, brauch eigentlech nëmmen op d'Stëmm vum Sänger Henning May ze waarden an da geet et "Ah déi".