Den James Bond huet en neit Lidd. Fir dem Daniel Craig säi leschten Asaz als Geheimagent krut hien d'Billie Eilish u seng Säit.

De Bad Guy mécht also elo James Bond-Musek. Den 18 Joer ale Superstar a Grammy-Gewënner gouf erausgesicht fir den Titelsong fir No Time To Die opzehuelen. D'Lidd ass grad wéi den Debutalbum When We All Fall Asleep, Where Do We Go? zesumme mam Bridderche Finneas geschriwwe ginn. No Time To Die ass e richtegt Bond-Lidd an trotzdeem ënnerscheet sech d'Lidd vum 25. James Bond-Film vun senge Virgänger. Leit wéi Sheryl Crow, Adele, Tina Turner, Garbage a Chris Cornell haten hiert James Bond-Lidd um Zenit vun hirer Karriär opgeholl, dat kann ee vum Billie Eilish, 18 Joer jonk, awer iergendwéi net behaapten. Wien d'Billie och nëmme ganz e bësse kennt, wäert scho wësse wat d'Billie vun deem Verglach hält. Glat a guer näischt! Heiansdo muss een ebe mat Traditioun briechen. Mol ofwaarde wat sech aus No Time To Die entwéckelt.