Dëse Mount gëtt erëm faarweg an de Kinoen uechtert d'Welt. D'Trolls sinn erëm do a mat hinnen natierlech och den Justin Timberlake, dee grad wéi beim éischten Deel net nëmmen am Film ze héieren ass mä och um Soundtrack vertrueden ass. Ob de massive Succès vu Can't Stop The Feeling widderholl ka ginn, ass déi aner Saach.

Net Trolls 2 mä Trolls World Tour ass d'Suite vum DreamWorks Animatiounsfilm gedeeft. Déi kleng, faarweg, a meeschtens gutt gelaunt, Figure mat de wuschelegen Hoer ginn am 2. Deel gewuer datt et nieft hinnen nach 5 aner Länner mat Trolls ginn, allerdéngs mat ëmmer anerer Musek. Nieft Pop gëtt et bei Trolls World Tour och nach Funk, Klassik, Techno, Country a Rock, woubäi d'Rock-Trolls probéieren déi aner Musek verschwannen ze loossen, dës Kéier mat de Stëmme vum Anna Kendrick, Justin Timberlake, James Corden, Ozzy Osbourne, Rachel Bloom, Mary J. Blige, Kelly Clarkson an ënner anerem Gwen Stefani. Déi éischt Single vum Soundtrack ass awer däitlech manner rockeg, fir déi sinn d'Sza an den Justin Timberlake zoustänneg, The Other Side.