Dat nächst Schaltjoer kënnt a 4 Joer, deen nächsten Optrëtt vun den X Ambassadors léisst, hoffentlech, net ganz sou laang op sech waarden.

Den 29. Februar dëst Joer haten d'Amerikaner en Optrëtt am Atelier an hu Stécker aus hire bis ewell 3 Albumen zum Beschte ginn, dorënner natierlech och Renegades aus der Plack VHS a Stécker vun hirem leschte Wierk Orion. Um Tracklisting vun hirem 3. Album ass allerdéngs d'Lidd aus dem One For The Road net ze fannen. Stinn d'Zeeche schonn op en nächsten Album? Komesch ass dat Ganzt schonn e bësse, well nëmme 14 Deeg nom Release vun Everything Sounds Like A Love Song ass nach e weideren Titel erauskomm, Great Unknown, do ass awer scho gewosst datt deen am Kader vum Film The Call of the Wild presentéiert ginn ass.