Den Debutalbum vu Linkin Park feiert am Oktober 20 Joer. Deemools gouf et nach Nu-Metal an d'Grupp huet sech dem Succès vu Gruppe wéi Korn a Limp Bizkit ugeschloss. Och nom Doud vum Chester Bennington lieft d'Online-Communautéit vun der amerikanescher Rockgrupp weider.

Déi lescht Nuecht ass e Mailing verschéckt gi fir op dee ronne Gebuertsdag opmierksam ze maachen. An där selwechter Mail steet dann och nach dran datt fir 20 Joer Hybrid Theory eppes ganz Besonnesches geplangt ass, an d'Fans kënne souguer en Deel dovu sinn. Wie Material aus de Joren 2000 bis 2002 vu Linkin Park huet, kann dat un d'Plackefirma Warner Records weider ginn. Gesicht gi Fotoen, Videoen, Ticketen, Merchandise, Flyeren, Souveniren an och Liveopname grad wéi Ënnerschrëften. Weider Detailer iwwer dee besote Projet sinn bis ewell awer nach net bekannt. Da feiere mir e bësse vir, hei ass déi deemools 3. Single aus Hybrid Theory - In The End.