Aus dem US-Bundesstaat Ohio, vu Cleveland, kënnt d'Grupp Welshly Arms. Hiren Numm huet glat a guer näischt mat Wales ze dinn, de Sextett huet sech un engem Sketch bei Saturday Night Live inspiréiert deen am Hotel Welshly Arms spillt.

Dat wier gekläert. D'Musek vu Welshly Arms ass am beschte mat Blues-Rock ze beschreiwen, e bësse Gospel an eng Portioun Pop net auszeschléissen. Mat Trouble enttäuschen déi 6 Museker aus de States net, se bleiwen hirer Linn trei. Trouble ass dat éischt neit Material zënter dem 2. album No Place Is Home deen ewell 2 Joer huet. De Sänger Sam Getz huet verroden datt am Laf vum Joer nach weider Lidder erauskommen, vun engem Album geet awer net rieds. Am Lidd geet et ëm Zodi an datt een deen akzeptéiere soll, well en net z'evitéieren ass. Net fortlafe viru Problemer, mä wëssen datt et net fir ëmmer sou ass a meeschtens duerno souguer besser ass.