Den Tom Scholz kritt haut 73 Joer. Wien ass den Tom? Grënnungsmember, Gittarist, Bassist, a Keyboarder vun der amerikanescher Hard Rock Grupp Boston.

Vun de 4 Leit déi d'Grupp 1975 zu Boston, wou och soss, gegrënnt hunn, ass nëmmen nach den Tom iwwreg. De Sänger Brad Delp ass 2007 gestuerwen an den Jim Masdea an de Barry Goudreau hunn d'Grupp schonn an den 80er verlooss. An hirer lo 45 Joer laanger Karriär huet d'Grupp Boston vill Museker gesi goen a kommen, hire leschten Album 2013 erauskomm. 2 vun hiren Albume stoungen op der éischter Plaz vun den amerikaneschen Albumcharts, een dovunner war deen 3. mam Titel Third Stage vun deem d'Single Amanda et och op d'1. vun den Charts an den USA gepackt hat, deen eenzegen Nummer 1. Hit fir Boston. Fir den 73. vum Tom Scholz ze feieren, gëtt awer elo nach eng Kéier den original Line-Up zesummegetrommelt; More Than a Feeling aus dem Debutalbum Boston.