Et wier mol erëm un der Zäit fir Musek aus dem Grand-Duché am One For The Road virzestellen. An de leschte puer Méint huet een den Numm Cheak! schonn déi eng oder aner Kéier héieren, Heart Shape Socks ass e gudde Grond firwat den Numm och nach déi nächst puer Méint am Ëmlaf ass.

Sou heescht nämlech déi nei Single vun Cheak!, fir déi et zënter dem leschte Freiden och e Video gëtt. De Quartett huet d'lescht Joer ugefaangen a reegelméissegen Ofstänn Musek ze publizéieren, ugefaange mat der Single Lovers Lane. Fir dat aktuellt, 5., Lidd vun der Lëtzebuerger Pop/Rock Grupp gëtt et eng gréisser Neiegkeet, well mam Krick, alias Christine Heitz, huet Heart Shape Socks e Feature. Da loosse mir mol kucke wien d'Strëmp mat den Häerzer un huet.