De Bert Jung an de Charel Geimer sinn d'Gesiichter vun Alfalfa. Den Duo huet schonn e Pak Musek dobausse ma fir 2020 hu se sech virgeholl nach eng Schëpp zouzeleeën. Den Duo huet déi lescht Zäit un der neier Single Red Wine gedoktert, an déi kënnt elo dëse Weekend eraus.

13/03/2020 Alfalfa - Red Wine

Et war dës Kéier schwéier bis de Release ze waarden; huet een d'Lidd bis ugefaangen, léisst et een et net méi lass. Lo mécht de Repeat 1 Knäppchen endlech mol erëm Sënn. Eng herrlech positiv Electro-Pop-Nummer mat an engem Refrain fir matzesangen an engem Beat fir direkt matzedanzen. Red Wine huet och e Message; et soll een d'Liewe genéissen, wéi e gudde roude Wäin, sech fir dat Gutt an net dat Schlecht ze decidéieren a fir op der richteger Säit ze stoen, generéis an ëmmer prett fir ze hëllefen. Feelt nëmmen nach de Video, ma dee kënnt sécherlech no.