De William Martin Joel, besser bekannt ënnert dem Numm Billy Joel feiert haut säi 71. Mat 82,5 Mio verkafe Placken ass hien een vun den erfollegräichste Solokënschtler an Amerika. Laurent Gillander

09/05/2020 Pop History: Happy B-Day Billy Joel

Am Joer 1980 stoung hien eng éischte Kéier an den States op der Nummer 1. Dat mat der Single It's Still Rock And Roll To Me.
3 Joer méi spéit war et eng Nummer 1 an de UK Charts mam Lidd Uptown Girl.

Weider gouf et vum Billy Joer iwwer 20 US & UK Top 40 Singles an 4 Albumen déi an Amerika op der Nummer 1 stoungen.
Esou e Succès kënnt natierlech net vu näischt. Wien an der Musek erfollegräich wëll sinn, dee muss fréi ufänken. Am Alter vu 15 Joer huet hien schonn ugefaangen a Rockbands ze spillen. Niewelaanscht huet hien sech nach eppes als Studiomuseker verdéngt. Do huet hien dann och den Artie Ripp kennegeléiert. Dësen huet him gehollef säin éischte Solo Debut-Album eraus ze bréngen. Cold Spring Harbor huet e sech genannt. Kommerziell war dat ganzt en Desaster.
D'Mastertounbänner goufen net mat der Richteger Vitesse iwwerspillt an den Joel hat Sträit mat sengem Plackelabel Family Productions.
Ma et koumen och erëm besser Zäiten. Den Album Piano Man ass den éischten Album vum Billy Joel deen esou richteg ofhiewt. Hei verschafft hien seng Vergaangenheet als Barmuseker.
Den Duerchbroch ass dem Billy Joel mam Album The Stranger gelongen. D'Lidd Just The Way You Are gouf bei de Grammy-Awards am Joer 1979 als Song vum Joer ausgezeechent. Dëse Succès kënnt och duerch de Phil Ramone mat deem de Billy Joel deck 10 Joer zesumme geschafft huet.