Den Ament ass et éischter schwéier den Iwwerbléck ze behale wat sou alles vun neier Musek mam Corona-Stempel erauskënnt. D'lescht Woch ass e Stéck vun de Foo Fighters erauskomm.

Keen neit Lidd, mä hire Klassiker Times Like These, Extrait aus hirem 2002er Album One By One.

Déi nei Versioun ass mat enger helle Wull Artisten entstanen. Villäicht hutt dir schonn eppes vun der BBC 1 Live Lounge héieren; e Radioformat an deene bekannten Artisten invitéiert sinn, Interview ginn an dann och nach akustesch Lidder spillen, deels och Coverversiounen. Ënnert dem Numm Live Lounge Allstars kritt Times Like These neit Liewen agehaucht a wéi een dat aus der Live Lounge kennt, ass och dat heite Stéck akustesch agespillt ginn. Méi wéi 20 international Kënschtler, dorënner natierlech d'Foo Fighters, 5 Seconds of Summer, Dermot Kennedy, Bastille, Anne-Marie, Dua Lipa, Chris Martin vu Coldplay, Paloma Faith, Jess Glynne, Rag'n'Bone Man, Sean Paul a Zara Larsson suerge fir Héngerhaut. Den Erléis vum Lidd geet un de Covid-19-Solidaritéitsfong vun der WHO.