Mam Mathea Elisabeth Höller gëtt et mol erëm eng Kéier Musek aus Éisträich an dëser Rubrik.

D'Mathea kritt dëse Summer 22 Joer, ass net wäit ewech vum Großglockner op d'Welt komm an huet viru 4 Joer bei The Voice of Germany matgemaach. Deemools war d'Mathea am Team vum Yvonne Catterfeld an hat et bis an déi 3. Phas vun der Castingshow gepackt, bis bei d'Sing Offs. 4 Joer méi spéit, den 1. Mee dëst Joer fir genee ze sinn, ass den Debutalbum M erauskomm, do virdrun konnt d'Mathea direkt mat der Debutsingle 2x den Duerchbroch an der Heemecht Éisträich feieren, d'Lidd stoung op der éischter Plaz vun den Ö3 Austria Top 40. Wollt dir nur sagen ass e weideren Extrait vun Album M, da si mir mol gespaant wat d'Mathea eis matzedeelen huet.