Vill liesen, vill kachen, awer och nach Musek maachen, well ouni Musek geet et net beim Mark Forster.

De Sänger, Animateur a Member vun diverse Juryen huet sech déi lescht Wochen och dem Confinement missen erginn an hofft datt et sou séier wéi méiglech erëm "normal" weidergeet. Wéini ass déi aner Saach. Keng Festivaller, keng Concerten den Ament an awer nach kreativ, de Virus kritt de Mann mat der Kap net kleng. Übermorgen geet awer net nëmmen ëm iwwermuer, d'Zukunft gëtt gefeiert, awer och d'Bestandsopnam vum Elo. Wien et nach net matkritt huet, de Concert vum Mark Forster dëst Joer an der Aler Seeërei ass net, den neien Datum ass awer do, de Concert ass elo de 14. Mee 2021 zu Dikkrech.