Malik Harris kléngt zimmlech exotesch. Am Endeffekt ass de Malik Harris aus Oberbayern, zu Landsberg am Lech ass hien op d'Welt komm. Den Duerchbroch huet de Malik d'lescht Joer mat Welcome To The Rumble gepackt.

Mat sengen 22 Joer begeeschtert de Malik mat senger impressionnanter Stëmm an der Manéier wéi hie seng eegen Emotioune ganz einfach op de Punkt bréngt. Déi nei Single heescht Crawling ass alt erëm eng perséinlech Geschicht an iwwerzeegt duerch de Mix aus Pop, Elektro, Rap an engem staarken Text. Crawling ass donieft och d'Suite vun der leschter Single Home. Et geet ëm dat selwecht Meedchen dat dem Malik Harris d'Gefill gëtt Hatt wier dat Richtegt.