Mir proposéieren Iech zanter leschter Woch hei um Radio eng nei Rubrik, an där mer weltbekannte Klassiker aus Rock a Pop méi genee ënnert d'Lupp huelen an Iech d'Geschicht vum Song erzielen. Hannergrënn, Momentopnamen, Kuriositéiten, Zoufäll. Den Optakt mécht haut deem kierzlech verstuerwene Little Richard säi memorabelen "Tutti Frutti".

18/05/2020 HitStory - TUTTI FRUTTI

Net nëmmen de Film vum Andy Bausch, mä quasi de Logo vum Rock'N Roll.
Mir sinn am Oste vun Amerika, wou dee jonke, klenge-gewuessene Richard nach net sou genee weess, wat d'Liewe vun ëm erwaart. Zu Atlanta kann en 1951 an där lokaler Rhythm & Blues-Zeen Fouss faassen an iwwerrascht säi klenge Public mat engem dach ongewinnt haarden R & B-Programm. Ënnert anerem seng Kompositioun "Tutti Frutti", déi nawell gutt bei de Leit ukënnt.
Am September 1955 geet dann e klengen Dram an Erfëllung, de Little Richard dierf an engem Studio zu New Orleans mat enger zesummegewierfelter Band e puer Bluesnummeren ophuelen, keng dovunner awer hat Hit-Potential. An enger Opnampaus drummt de Richard säi ganze Frust um Piano a jäizt deen ominéisen "A-wop-bop-a-loo-bop-a-wop-bam-boom!" eraus. U sech eng verbal Imitatioun vu Percussioun, Drums, Batterie.
No deem bizaren Intro kënnt een net manner bossegen Text:
"Tutti Frutti, good booty / If it don't fit, don't force it / You can grease it, make it easy".
De Produzent war faszinéiert vun der Melodie awer net vum Text. Ze ambigu, provokant, homosexuell Undeitungen - esou eppes konnt net op engem Radio lafen. An hei koum d'Dorothy La Bostrie mat an d'Spill. Eng lokal Texterin, déi elo den Optrag krut, dem Richard säin Text ze entschäerfen.
Aus "Tutti Frutti, good booty" gouf "Tutti Frutti, all rooty". "all rooty" war deemools e beléiften Ausdrock fir "OK", "Alles an der Rei".
Allerdéngs war dee weideren Text net manner zweedeiteg:
"I got a girl named Sue, she knows just what to do. She rocks to the east, she rocks to the west. But she's the girl that I love best". "to rock" ass gläichgesat mat enger rhythmescher Beweegung, an dat muss net ëmmer danze sinn.
D'Dorothy La Bostrie, d'Co-Autorin vum Song, huet spéider mol behaapt, si hätt dee ganzen Text geschriwwen an och den Titel wier op hirer Mëscht gewuess, well se sengerzäit an engem Drug Store eng nei Glacenzort entdeckt hat: Tutti Frutti.
E coolen Titel fir e Lidd. Ob et esou war ass allerdéngs onwarscheinlech, well de Richard et jo scho virun der Studiosopnam gesongen huet.
Et war säin 1. Hit, deen awer eréischt an der Coverversioun vum Pat Boone ganz grouss erauskoum. A Coveren ginn et der eng Onmass, vun Elvis bis Queen.
Tutti Frutti huet op alle Fall dem Rock 'n Roll d'Diere grouss opgemaach.