Radio Gaga, ee vun de ganz grousse Queen-Klassiker aus den 80er. An eiser neier HitStory-Serie huet de Gibbes Bertolo sech eben dëse Kultsong vu Mercury a Co. erausgesicht, well och zu deem Lidd gëtt et eng kleng Geschicht z'erzielen.

20/05/2020 HitStory - RADIO GA GA

Et war 1983 wéi de Roger Taylor, de Mann mat de Bengelen, doheem an der Stuff souz, nieft em säi kleng Bouf Félix, 3 Joer al. De Radio war un, an dee klenge Félix sot op eemol (vläicht well dat, wat en héieren huet, em net gefall huet): Radio Ca Ca. De Papp Taylor war direkt ganz Ouer an huet sech geduecht: Hey, coolen Titel fir eng Queen-Nummer. Dobäi koum, datt hie selwer als jonke Kärel stonnelaang virum Radio souz an alles, wat do erauskoum, a sech opgesuckelt huet.
Radio Luxembourg, dee Sender, op deem den Taylor eng éischte Kéier Rock' n Roll héieren huet, Elvis Presley, Bill Haley an all déi aner. De Radio, seng grouss Léift, eng Dier fir an eng nei Welt. Mä elo, an den 80er, ass et d'Tëlee, déi dem Radio d'Loft hëlt. Zemools an Amerika kritt dat Visuellt quasi méi Bedeitung, ewéi d'Musek selwer, MTV ass do an de Videoclip e Must fir all Artist.
"Video killed the radio star" hunn d'Buggles schonn 1979 gesongen a genee dee Gedanke gëtt och an dësen Zeile vum Queen-Song ausgedréckt.
"We watch the show, we watch the stars. On video for hours and hours. We hardly need to use our ears, how music changes through the years."
Anengems huet den Taylor d'Kommerzialisatioun vun de Radiosendere kritiséiert, déi der Musek just nach d'Roll vum Hannergrondgeräisch iwwerlooss huet.
Bemierkenswäert och déi heiten Zitater: "through war of worlds - invaded by mars" - en Hommage un dem Orson Welles säin Hörspill "The War of the Worlds", dat 1938 via Radio vill Leit wéinst enger imaginärer Mars-Invasioun a Panik versat huet an "you've yet to have your finest hour" - dem Winston Churchill seng Ried "This Was Their Finest Hour" aus em Joer 1940. Zwee historesch Radiomomenter, déi d'Roll an den Afloss vum Radio markéiert hunn.

Natierlech hu Queen och e Video zum Song gedréint, mat Zeenen aus dem Fritz Lang sengem Science-Fiction-Stommfilm "Metropolis".
Aus Radio Ca Ca gouf iwwregens Radio Ga Ga, well déi aner Band-Memberen et manner kakophonesch an ëm sou méi dadaistesch empfanne wollten.

Memorabel ass natierlech d'Live-Versioun vun 1985, beim Live Aid am Wembley.
An 3 mol dierft der roden, wéi eng Lady sech fir hiren Artistennumm inspiréiert huet ...