Virun e puer Wochen huet eis den amerikanesche Sänger Bill Withers am Alter vun 81 Joer verlooss. "Lean on me", "A lovely day" a vrun allem  "Ain't no sunshine" ware wuel seng bekanntste Lidder.

22/05/2020 HitStory - AIN'T NO SUNSHINE

De Michael Jackson huet et 1972 mat vill Succès gecovert, am Ganzen ginn et wäit iwwer 100 Reprisen, vun A bis Z, vun Aaron Neville bis Ziggy Marley.
De Bill Withers war 10 Joer laang an der US-Army an huet duerno an enger Fabrick geschafft, déi ë.a. Toilettesëtzer fir Fligere gebaut huet. Niewelaanscht huet e Gittar geléiert an ugefaangen, sentimental Lidder iwwert d'Léift ze schreiwen. E krut och relativ séier e Plackekontrakt a war prett fir säin 1. Album.

"Days of Wine and Roses", e Film vun 1962 mat Lee Remick an Jack Lemmon. Eng Koppel, déi ëmmer méi dem Alkohol verfält a sech um Enn trennt. Dëse Film huet de Bill Withers net kal gelooss, en huet aus deem brutalen Thema en déif trauregt Lidd komponéiert. "Et ass keng Sonn méi do, wa meng Léift fort geet".
Dat war 1971, de Bill huet et zu Hollywood am Studio vum Produzent Booker T. Jones opgeholl, op der Gittar iwwregens de Stephen Stills. A wéi en déi 3. Strophe sollt asangen, ass en am Text hänke bliwwen.
26 mol koum den "I know", de Bill ass um Enn nees an der Spuer gelant, wollt et awer uschléissend komplett frësch ophuelen. Do hunn awer de Stephen Still an de Produzent gemengt, e sollt dat esou loossen. Dat repetitiivt huet se zum Deel un de Fabrickaarbechter Withers erënnert, de Mann dee jo Toilette fir Boing 747 baut.

"Ain't no sunshine" war den Optakt vun enger grousser Karriär. E Lidd vun nëmmen 2 Minutten dat 1972 e Grammy krut. An als Unerkennung resp. léiwe clin d'oeil huet d'Plackefirma dem Bill uschléissend keng gëllen LP mä e gëllene Cabinetsdeckel geschenkt ...