Normalerweis huet de Kid Colling, de Steph, de Blues. Wärend dem Confinement huet de Gittarist eng akustesch Nummer fir Merci ze soen opgeholl. E Merci un de ganze Corps Médical hei zu Lëtzebuerg.

20/05/2020 Musek am Confinement: Kid Colling

De lëtzebuergeschen Gittarist Kid Colling huet ee Lidd als Hommage un de Corps Médical komponéiert mam Titel ‘’Helden a Wäiss’’. Et ass eng Premiere fir de Museker op lëtzebuergesch ze schreiwen, mee et war him wichteg dëst Lidd an där Sprooch ze sangen. Am Clip huet hie Fräiwëlleger zesumme geruff fir hier Dankbarkeet auszedrécken:

«D’Iddi krut ech um Unfang vum Confinement wéi ech mat verschidde Kolleege geschwat hat, déi am Corps Médical schaffen. Et ass mir du bewosst ginn, ënnert wéivill Drock déi Leit stoungen an datt et si sinn, déi wärend der Krise un der Front stinn. Een anere Grond fir dëst Lidd ass bësse méi perséinlech. Ech hu virun engem Joer mäin Papp verluer an wärend deem villen hin an hier am Spidol, konnt ech mir hir Aarbecht vu bëssi méi no ukucken a se schätzen léieren. Wéi ech seng Saache siche gaange sinn, deen Dag wou hie vun eis gaangen ass, hat ech déi Käerz bemierkt déi virun dem Zëmmer gebrannt huet, do wou hie laang hospitaliséiert war. Dësen einfache Geste, sou mënschlech a sou empathesch wäert ech ni vergiessen. Ech denken datt mir hautdesdaags eis medezinesch Fleeg fir selbstverständlech a ganz normal halen, well eise System zu Lëtzebuerg relativ gutt funktionéiert. Verschidde Leit denke bestëmmt, am Corps Médical ze schaffen ass ee Beruff wéi een aneren. Mee et däerf een net vergiessen datt hannert deene wäissen Tenuen, Mënsche wéi dir a mir sinn. Allerdéngs hu si sech dofir entscheet, hir Zäit deene méi schwaachen ënnert eis ze widmen an dat mat deene Moyenen déi hinnen zur Verfügung stinn. Si musse sech all Dag mat laachen an kräischen, Péng a Freed, Liewen an Doud aussernee setzen. Ech bewonnere si an denken datt déi Leit all eisen Respekt verdéngen, an dat net nëmmen a Krisenzäiten. Si sinn Helden, Helden ënnert villen aneren, mee si sinn eis Helden a Wäiss. »

Kid Colling