Déi Kéier Musek vun der grénger Insel. An Irland si Kodaline doheem, déi am Ufank vun hirer Karriär nach 21 Demands geheescht hunn. De Quartett bréngt am Juni de 4. Album One Day At A Time eraus.

Den 1. Mee huet déi iresch Alternative-Rock-Grupp d'Single Saving Grace ausgekoppelt, 3 Deeg méi spéit ass de Video publizéiert ginn. Saving Grace ass e Lidd dat un deen een, richtegen, Liblingsmënsch geriicht ass, deen dat ganzt Liewe fir een do ass an een ni verléisst. Aus dem Video hu Kodaline och eppes ganz Spezielles gemaach; d'Grupp huet d'Fans un der Realisatioun deelhuele gelooss. D'Leit waren opgefuerdert dat neit Lidd Saving Grace ze sangen a sech dobäi ze filmen. D'Resultat léisst weisen, an natierlech och lauschteren.